Geeschteg Qualitéiten (#14232)

Ech bieden Dech, o mäi Gott, bei all der transzendenter Éier vun Dengem Numm, déi, déi s Du gär hues, an d’Kleed vun der Gerechtegkeet ze kleeden, an hir Wiese mat der Luucht vum Vertrauen ze erliichten. Du bass Deen, deen d’Muecht huet, ze maache wéi Hie wëllt, an deen a Sengem Grëff d’Geschécker vun alle Saachen hält, sichtbar an onsichtbar.

-Bahá'u'lláh
-----------------------

Geeschteg Qualitéiten (#14233)

Vun de séiss-doftege Stréimunge vun Denger Éiwegkeet gëff mer ze drénken, o mäi Gott, a vun de Friichte vum Bam vun Dengem Wiesen erlab mer ze schmaachen, o meng Hoffnung! Vun de kristallene Quelle vun Denger Léift looss mech vëlleg drénken, o meng Herrlechkeet, an am Schied vun Denger onvergänglecher Vorseeung looss mech wunnen, o meng Luucht! An de Wisen no bei Dir, an Denger Präsenz, looss mech dorëmmer goen, o Du, deen ech gär hunn, a setz mech zur rietser Hand vum Troun vun Dengem Erbaarmen, o mäi Verlaangeren! Vun der dofteger Lëftche vun Denger Freed looss en Hauch iwwer mech zéien, o mäin Zil, a looss mech eran an d’Héichte vum Paradis vun Denger Wierklechkeet, o mäin Ugebieten! De Melodië vun der Dauf vun Denger Eenheet looss mech nolauschteren, o Du Stralenden, an duerch de Geescht vun Denger Kraaft a Muecht belief mech, o Du, dee mech versuergt! Am Geescht vun Denger Léift looss mech standhaft bleiwen, o meng Hëllef, an um Wee fir Dir ze gefalen, stäerk meng Schrëtt, o mäi Schëpfer! Am Gaart vun Denger Onstierflechkeet, virun Dir, looss mech fir ëmmer bleiwen, o Du, deen s Du baarmhäerzeg zu mir bass, an um Sëtz vun Denger Herrlechkeet, looss mech néier, o Du, deen s Du mäi Meeschter bass! An den Himmel vun Denger Léift a Guttheet erhief mech, o Du, deen s Du mech beliefs, an zum Himmel vun Denger Féierung leed mech, o Du, deen s Du mech unzitts! Virun den Offenbarunge vun Dengem onsichtbare Geescht fuerder mech op präsent ze sinn, o Du mäin Ursprong a mäin héchste Wonsch, an zur Essenz vum Doft vun Denger Schéinheet, déi s Du manifestéiere wäerts, maach, dass ech zeréckkommen, o Du, deen s Du mäi Gott bass!
Du hues d’Muecht ze maachen, wat Dir gefält. Du bass wierklech de Souveräänsten, den Allherrlechen, den Allerhéchsten.

-Bahá'u'lláh
-----------------------

Geeschteg Qualitéiten (#14234)

Schaf a mir e rengt Häerz, o mäi Gott, a gëff mir op en Neits e rouegt Gewëssen, o meng Hoffnung! Bestäteg Du mech an Denger Saach duerch de Geescht vun der Muecht, o meng grouss Léift, a looss mech Däi Wee kucken duerch d’Liicht vun Denger Herrlechkeet, o Du d’Zil vu mengem Verlaangeren! Erhief mech mat der Kraaft vun Denger transzendenter Muecht an den Himmel vun Denger Hellegkeet, o Quell vu menger Existenz, an erfree mech duerch den duusse Wand vun Denger Éiwegkeet, o Du, deen s Du mäi Gott bass! Looss Deng éiweg Melodië Rou iwwer mech stréimen, o mäi Begleeder, a looss de Räichtum vun Dengem uréiwegen Ubléck mech fräimaache vun allem ausser Dir, o mäi Meeschter, looss d’Noriichte vun der Offenbarung vun Dengem onvergängleche Wiese mir Freed bréngen, o Du, den Offensichtlechste vun all deenen déi offensichtlech sinn, an de Verbuergenste vun all deenen déi verbuerge sinn!

-Bahá'u'lláh
-----------------------

Geeschteg Qualitéiten (#14235)

O mäin Här! Looss Deng Schéinheet meng Narung ginn, Deng Präsenz mäi Gedrénks, Däi Gefale meng Hoffnung, Däi Luef meng Aktioun, d’Gedenken un Dech mäi Begleeder, d’Muecht vun Denger Herrschaft mäi Bäistand, Deng Wunneng mäin Doheem, a mäi Wunnsëtz en Uert, deen s Du gehellegt hues vun de Grenzen, déi deenen operluecht goufen, déi wéi duerch e Schleier vun Dir getrennt sinn.
Du bass, wierklech, den Allmächtegen, den Allherrlechen, de Gewaltegsten.

-Bahá'u'lláh
-----------------------

Geeschteg Qualitéiten (#14236)

Verherrlecht sief Däin Numm, o mäi Gott, duerch deen d’Beem am Gaart vun Denger Offenbarung mat Gréngs agekleet goufen, a si d’Friichte vun der Hellegkeet ausgedroen hunn an dëser Fréijoerszäit, wou sech de séisse Geschmaach vun Denger Gefällegkeet an Dengem Seegen iwwer alles leet an et ervirbréngen deet, wat am Kinnekräich vun Dengem onwidderrufflechen Uerder an am Himmel vun Dengem onverännerleche Plang fir si virausbestëmmt gouf. Ech bieden Dech bei eben dësem Numm, looss net zou, dass ech wäit ewech si vum Haff vun Denger Hellegkeet, oder ausgespaart vum héijen Hellegtum vun Denger Eenheet an Denger Eenzegkeet.
Fänk dofir d’Feier vun Denger Léift a menger Broscht un, o mäi Gott, fir dass seng Flam alles verbrennt bis op meng Erënnerung un Dech, dass all Spuer vu verduerwener Begier a mir ganz ausgeläscht gëtt, an dass näischt iwweregbleift ausser der Verherrlechung vun Dengem transzendenten an allherrleche Wiesen. Dëst ass mäin héchst Bestriewen, mäi brennende Wonsch, o Du, deen iwwer alles herrscht an an deem Senger Hand d’Kinnekräich vun der ganzer Schëpfung läit. Jo wierklech, Du méchs, wat Dir gefält. Et gëtt kee Gott niewent Dir, dem Allmächtegen, dem Allherrlechen, Deem, deen ëmmer nees verzeit.

-Bahá'u'lláh
-----------------------

Geeschteg Qualitéiten (#14237)

O Här!
Wat fir e Stroum vu Mëtschgiewegkeet hues Du gewäert a wat fir eng Flut vu räichlecher Gnod hues Du bewëllegt! Du hues all d’Häerzer wéi zu engem eenzegen Häerz matenee verschmëlze gelooss an all d’Séilen zu enger eenzeger Séil matenee verbonnen. Du hues beweegungslose Kierper Liewen a Gefill ginn an doudege Leiwer d’Bewosstsi vum Geescht geschenkt. Duerch déi liichtend Strale vun der Sonn vum Allbaarmhäerzegen hues Du dës Stëbsatomer mat siichtbarer Existenz bekleet an duerch d’Welle vum Mier vun der Eenheet hues Du dës winzeg Drëpse befäegt, héichzeschloen an ze dauschen.
O Du Allmächtegen, deens Du engem Stréihallem d’Muecht vun engem Bierg gëss an e Stëbskärche befäegs, d’Herrlechkeet vun der stralender Sonn erëmzespigelen! Schenk eis Deng zäertlech Gnod a Gonscht, fir dass mir eis erhiewen, fir Denger Saach ze déngen an eis net virun de Vëlker vun der Äerd schumme mussen.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Geeschteg Qualitéiten (#14238)

Hien ass Gott.
O Du gudden Här, dee mir gär hunn!
Dës Frënn sinn euphoresch mam Wäin vum Bond a si Wanderer an der Wildnis vun Denger Léift. Hir Häerzer sinn opgeziert vun de Flame vun der Trennung vun Dir a si verlaangeren äifreg no der Offenbarung vun Denger Pracht. Aus Dengem verbuergene Kinnekräich, dem Räich vum Onsiichtbaren, offenbar hinnen déi stralend Herrlechkeet vun Denger Gnod a looss de Glanz vun Denger Guttheet op si schéngen. Schéck hinnen zu all Moment en neie Seegen an erweis hinnen e weidere Gefalen.
O gëttlech Vorseeung! Mir si schwaach an Du bass de Stäerksten. Mir si wéi butzeg Seejomessen an Du bass de Kinnek vum Räich vun der Herrlechkeet. Gewär eis Deng Gnod a schenk eis Deng Guttheet, esou dass mir eng Flam ufänken an hire Glanz verbreeden, dass mir Stäerkt weisen an en Déngscht leeschte kënnen.
Gëff, dass mir dëser donkeler Äerd Erliichtung an dëser vergänglecher Welt aus Stëbs Geeschtegkeet bréngen. Looss eis net - och nëmmen ee Moment - raschten oder eis mat vergängleche Saache vun dësem Liewe besuddelen. Befäeg eis, e Banquet vun der Féierung virzebereeden, mat eisem Liewensblutt d’Verse vun der Léift néierzeschreiwen, Angscht a Gefor hanner eis ze loossen, esou ze gi wéi Beem, déi Friichten droen a mënschlech Vollkommenheeten an dëser vergänglecher Welt zum Virschäi kommen ze loossen. Du bass wierklech den Allbaarmhäerzegen, de Matleedvollsten, den Ëmmerverzeienden, den Nosiichtegen.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

